Eis Motioun gouf gestëmmt!
De Buergermeeschter seet d’Konventioun MEGA Plus fir méi Gläichstellung vun de Geschlechter kascht näischt, si bréngt awer och näischt. Trotzdeem freeë mir eis doriwwer, dass eis Motioun de Moien am Gemengerot eestëmmeg ugeholl gouf. An Zäite, wou d’Acquisen am Beräich Chancëgläichheet an Diversitéit emmer méi a Fro gestallt ginn, an deelweis an der Welt souguer Réckschrätter ze erkenne sinn, ass dest e wichtegt Zeechen. Des weidere valoriséiert des Konventioun déi gutt Aarbecht vun eise Gemengeservicer an dem Beräich.