Bis op Weideres keng Subside fir Bierger, déi hir elektresch Apparater wëlle flécke loossen
Am Gemengerot vum 10. November hunn déi gréng Schëffleng eng Motioun deposéiert an där d’Upassung vun engem Gemengereglement proposéiert gouf. Am Kloertext gouf proposéiert fir d’Matbierger am Sënn vun der Nohaltegkeet ze motivéieren, verschidden elektresch Apparater flécken ze loossen anstatt direkt eppes Neies ze kafen, an dat duerch eng Subventioun bis 70 €.
Leider gouf duerch d’Majoritéitsparteien LSAP an CSV 11:4 ofgestëmmt fir dës Motioun net op den Ordre du jour ze setzen an deemno och net ze diskutéieren.
Begrënnung: Et wier ze kuerzfristeg, si missten eis Propositioun nach analyséiere loossen.
Et gesäit aus, wéi wann d’Nohaltegkeet fir déi aktuell Koalitioun keng Prioritéit hätt. Mir sinn da mol gespaant, wéini de Schäfferot fäerdeg ass mat der Analyse vun eiser Motioun a wéini si et op den Ordre du jour vun engem Gemengerot packt.