background background

Schëffleng

Vegetaresche Kachcours mam Lydie Philippy

Dir sicht nach e Kaddo fir Är Léifst fir Chrëschtdag? Dann ass dëse Bong fir e Kachcours vu 4 Seancë genau dat richtegt. Et dierf een sech och selwer beschenken.

Zesumme mam Lydie Philippy kachen an iesse mer op 4 Owender zesumme vegetaresch, saisonal a biologesch Plate. D’Lydie hält säit méi wéi 25 Joer vegetaresch Kachcoursen an huet säin eegent Kachbuch “Natierlech genéissen” eraus bruecht.

PROGRAMM : Häppchen, Entrée, Plat + Dessert

PRÄIS : 120.-€ p/P

DATUMER : 29.01 + 05.02 + 19.02 + 26.02.2024

AUERZÄIT : 18:30 – 21:30

PLAZ : Albert Wingert Schoul Schëffleng

UMELDUNGEN A WEIDER INFOEN : scheffleng@greng.lu

Fir all Umeldung a Paiement bis de 19. Dezember schécke mir iech e Bong fir ënnert de Beemchen Heem.