background background

Schëffleng

Generalversammlung 2024

Gëschter hate mir eis Generalversammlung.

Mir konnten dem Camille Schütz nach emol Merci soe fir seng 20 Joer Engagement an der Lokalsektioun a fir d’Gemeng Schëffleng. Eis Gemengeconseillère Christiane Biewer an Albert Kalmes hu vun eiser konstruktiver Oppositiounsaarbecht bericht an och d’Wichtegkeet vun enger kreativer Approche ënnerstrach. Merci och dem Meris Šehović, Präsident vun déi gréng a Schäffe vun der Nopeschgemeng Esch, sou wéi dem Andy Bausch, Präsident vun der Escher Lokalsektioun, fir hier Präsenz an Ënnerstëtzung.

Eisen néie Comité sëtzt sech zesummen aus:
Nick Clesen – President
Julie Groff – Presidentin
Mireille Rodenbourg-Salzig – Tresorière
Christiane Biewer – Sekretärin / Gemengeconseillère
Albert Kalmes – Member / Gemengeconseiller