background background

Schëffleng

Fréijoersbotz

Haut war grouss Fréijoersbotz zu Schëffleng, bei deier vill engagéiert Bierger*innen zesumme komm sinn, fir den Dréck an eiser Gemeng an ze sammelen. Och als déi gréng Schëffleng hu mir erëm un der Botzaktioun deel geholl.

Et ass ëmmer erëm erschreckend, ze gesinn, wéi vill Dréck nach an d’Natur an an den ëffentleche Raum gehäit gëtt. Et bléift vill Sensibiliséierungsaarbecht ze leeschten an d’Offallvermeidung ass en Thema wou mer eis weiderhin engagéiere wäerten. Och d’Zigarettefilter gehéieren net op de Buedem a brauchen zirka 15 Joer bis se sech zersetzen.

#schëfflengbotzt