background background

Schëffleng

Gemengerot vum 15. Mäerz

D’Subside fir Bierger, déi hir elektresch Apparater wëlle flécke loosse kommen!

Duerch eis Motioun am Gemengerot vum 10. November 2023 hu mir d’Upassung vum concernéierte Gemengereglement erreecht. Sou kréie mir d’Bierger*inne an Zukunft duerch eng Prime vu bis zu 100€ (+ 50€ fir Léit wou de Revis kréien) motivéiert, verschidden elektresch Apparater flécken ze loossen anstatt direkt eppes Neies ze kafen, Mir freeën eis dass d’Majoritéit bei dëser nohalteger Initiative agelenkt huet, an eis Propositioun mat gedroen huet. Do virdrun hat och d’Ëmweltkommissioun hire positiven Avis ginn a souguer e méi heijen Montant proposéiert.

Ausserdeem hu mir vum Schäfferot ausféierlech Informatiounen zur Bildungslandschaft Schëffleng an zu enger eventueller internationaler Schoul zu Schëffleng gefrot.

Mir krute net vill konkret Äntwerten zur Bildungslandschaft. Bis Summer soll opmannst d’Machbarkeet fir eng international Schoul gepréift ginn.