Gemengerot vum 26. Abrëll
An eiser Motioun am Gemengerot vun dësem Freideg hu mir de Schäfferot opgefuerdert:
- méi Informatioune beim Ministère de la Mobilité et des Travaux ze froe wat d’Planifikatioun vun der Mobilitéit an eiser Regioun ubelaangt an dem Gemengerot den Impakt dovun op d’Gemeng Schëffleng duerzeleeën
- sech mat den Nopeschgemengen zesummen ze dinn fir gemeinsam de Verkéier ze reduzéieren
De Schäfferot well an dësem Sënn méi aktiv ginn an de Gemengerot iwwert d’Suiten informéieren.