Gemengerot vum 24. Mee
Am leschte Gemengerot hu mir dem Schäfferot Froen zum PAP am Rit gestallt, deen aus dem Masterplang mat de Schëfflenger Bierger*innen an de Veräiner entwéckelt gouf. D’lescht Woch krute mir d’Äntwerten a schrëftlecher Form.
Mir kruten awer net vill konkret an néi Äntwerten zu dësem zentrale Projet fir de weideren urbanisteschen Developpement vu Schëffleng. Mir wäerten eis weider fir d’Ëmsetzung vum Masterplang asetzen.
Affaire à suivre!