background background

Schëffleng

Gemengerot vum 5. Juli

Eis Motioun fir e Subsid fir d’Entsuergung vu Wëndelen ass e Freideg am Gemengerot gestemmt ginn.

Domat kenne mer bei Famillje mat Kanner bis zu 3 Joer a Persounen déi ënner enger Inkontinenz leiden, déi zousätzlech Käschte fir d’Entsuergung vun de Wëndelen offiederen.

De Subsid kënnt soumat speziell och deene Léit zegutt, déi nohalteg Stoffwëndele notzen, a kann eventuell en Ureiz sinn, fir op des nohalteg Method ëmzesteigen.