Gemengerot vum 20. September
Mir freeën eis driwwer, datt dat neit Gemengereglement gëschter am Gemengerot gestëmmt gouf fir d’Allocatioun vun engem Subside fir d’Entsuergung vu Wëndelen.
Och wa mir eis méi en héige Montant erwaart haten, si mir frou, datt Famille mat Kanner tëscht 0 an 3 Joer oder mat Persounen, déi aus medezinesche Grënn Wëndele brauche vun engem Subside vu 60€ pro Joer profitéiere kënnen.
Sidd dir am Fall, vergiesst net är Demande eranzereechen.