Schëffleng matgestalten
E Freideg am Gemengerot reeche mir eng Motioun eran, wou mir e Biergerbudget fir d’Gemeng Schëffleng proposéieren.
Am Kader vum Biergerbudget sollen Iddien a Projete vun de Bierger*innen ëmgesat ginn. Dozou gi finanziell Mëttel zur Verfügung gestallt. D’Zil ass et, engersäits d’Biergerbedeelegung ze fërderen an anerersäits, d’Bierger*innen als Expert*inne fir d’Gestaltung vun hirem direkten Ëmfeld mat an ze bezéien.