Neen zum Budget 2025!
Duebelen NEE beim Vote fir de rektifizéierte Budget 2024 an de Budget 2025!
Am Verglach mam initiale Budget leien d’Zuele vum rektifizéierte Budget 2024 esouwäit auserneen, datt mir dem Schäfferot keng gutt Zensur/ Note konnten ausstellen.
Och de Budget fir 2025 ass eiser Meenung no net realistesch, well bei verschiddene Projeten esou vill Sue virgesi ginn, datt se net all 2025 kënnen opgebraucht ginn. Esou gi Sue blockéiert, déi fir aner wichteg Projeten néideg wieren.
Eng Rei vun Etuden zu wichtege Projete gi vu Joer zu Joer verschoben. Esou geet leider wäertvoll Zäit verluer.
