background background

Schëffleng

Assemblée Générale vum 3. Mäerz 2025

Aktivitéitsbericht vun 2024

Politesch Aarbecht

  • Mir waren an alle Sëtzunge vum Gemengerot zu 2 präsent.
  • Mir hu folgend Motiounen eragereecht:

Gemengerot 26. Abrëll – motion concernant la demande d’informations sur la mobilité dans le contexte des changements urbanistiques et de l’aménagement du territoire et l’impact qui en déroule sur notre commune. Hei ass versprach ginn, dat ze maachen, et géife schonn Démarchen an dës Richtung?!?

Gemengerot 5. Juli – motion concernant la demande d’un subside pour élimination de couches de bébé ainsi qu’un subside aux personnes incontinentes. Dës Motioun gouf unanime gestëmmt.

Gemengerot 22. November – motion concernant la participation citoyenne. Dës Motioun ass net ugeholl ginn. Am Sondage vum Vivre-ensemble (do koume lo rezent d’Resultater eraus) hu sech iwwer 70% vun de Befrotene fir e Budget participatif ausgeschwat. Mir bleiwen drun.

Gemengerot 7. Februar – motion concernant l’état d’avancement des projets du budget extraordinaire. De BG huet versprach eng Resolutioun zu deem Thema am nächste Gemengerot ze presentéieren. Mir si gespaant.

  • Mir hunn e Bréif un den Innenminister gemaach, an deem mir eis beschwéiert hunn, datt verschidde Punkten net am Aklang mat verschiddene Gesetzespunkte waren. Mir kruten ausser engem Accusé de réception ni eng Äntwert.
  • Mir hunn zu enger Rei Theme schrëftlech Froen am Gemengerot agereecht z.B. zum neie Policereglement oder virun allem zur Campagne, déi versprach gouf awer net gemaach gouf. Do gouf ganz séier eng Biergeversammlung aus dem Hutt gezaubert. Déi fënnt elo den 12. Mäerz statt.
  • Mir hannerfroe ganz vill Punkten am Gemengerot a brengen domadder oft Bewegung an d’Spill.
  • Enn September hu mir e Flyer à toutes boîtes verdeelt an deem mir e politesche Réckbléck an Ausbléck iwwert dat 1. Joer no de Wale gemaach hunn. Ausserdeem hu mir eis Lokalsektioun presentéiert.

Aktivitéite vun der Sektioun

  • Eist lescht Assemblée générale hat den 13. Mäerz 2024 am Veräinshaus statt fonnt. De Meris an den Andy waren eis Extragäscht.
  • Mir haten 9 Comitéssëtzungen. Hei gouf iwwer den Ordre du jour vun de Gemengeréit geschwat, Interventiounen diskutéiert an iwwert d’Lokalsektioun an hir Aktivitéite beroden.
  • Den 19. Mee hate mir e Waldbaden mam Karin organiséiert. Dës Aktivitéit war gutt besicht. Si ass och gutt bei de Participanten ukomm. Vläit maache mer nach eng Kéier eng änlech Aktivitéit.
  • Den 10. Oktober hate mir eng Konferenz organiséiert zum Thema Gesunde und nachhaltige Ernährung: Was läuft richtig? Was läuft falsch? D’Conferenciere waren d’Katharina Greger an den Dr. Torsten Bohn. Ongeféier 30 Leit hunn deel geholl. D’Konferenz war ganz interessant an d’Participanten hu vill Froen zum Thema  gestallt.
  • Den 18. Januar hate mir am Kader vum Neijoerschpatt en Trëppeltour duerch de Brill mat Visite guidée vun der Beréngungsstatioun. Duerno gouf et Glüwäin an Äppelpunsch an e puer Knabbereien. Dës Aktivitéit gouf ganz positiv opgeholl a war och gutt besicht. Déi meescht Participante wären un enger méi detailléierte Visite guidée an der Beréngungsstatioun interesséiert. Mir organiséieren dat am Fréijoer/Summer.
  • Desweideren hu mir reegelméisseg u Kongresser, Workshops oder Konferenzen deel geholl, déi vun der Partei déi gréng organiséiert goufen.
  • Mir ware reegelméisseg op social medias präsent.