background background

Schëffleng

Gemengerot vum 20. Juni

D’Resolutioun fir de Bau vun enger Europaschoul soll haut gestëmmt ginn. Mee de Dossier vun der étude de faisabilité ass eidel. Eis Conseilleren froe sech, wéi si iwwer eng Resolutioun entscheede sollen, wann hinnen déi wichteg Informatioune virenthalen ginn.

Ouni d’Méiglechkeet, d’Grondlagen am Virfeld ze analyséieren, ass et schwéier, sech haut op eng responsabel a fundéiert Manéier dozou ze äusseren.

De Schäfferot huet bis elo och nach kee Wuert iwwer den zousätzlechen Trafic verluer: Wéi gesäit et aus mat de Bussen an Autoe vun den 800 Schüler*innen, hire Enseignanten an dem administrativen a technesche Personal?

Wat bedeit dat fir d’Liewensqualitéit an de Stroosse wéi der Rue Denkse Netgen an der Rue de Noertzange?