Net genuch Plazen an der Maison Relais zu Schëffleng!
Am Gemengerot vum 11. Juli huet eis Conseillère Christiane Biewer d’Fro gestalt, ob ab dem 1. Januar 2026 (zu deem Zäitpunkt wou d’Maison Relais Gebai an der Lydie Schmit Schoul sécher fäerdeg ass) méi Kanner ewéi bis elo kéinten opgeholl ginn. Desweideren huet si gefrot, wéi vill Kanner nach op der Waardelëscht fir d’Maison Relais stinn.
Leider krute mir op keng vun den 2 Froen eng kloer Äntwert.
Mir erwaarde vum Schäfferot, datt si all Méiglechkeeten a Betruecht zéie fir Iwwergangsplazen ze schafe fir weider Kanner an der Maison Relais opzehuelen an net d’Eltere mat enger einfacher Ofso am Ree stoe loossen.
