Neen zum Budget 2026!
Duebelen NEE beim Vote fir de rektifizéierte Budget 2025 an de Budget 2026!
Am Verglach mam initiale Budget leien d’Zuele vum rektifizéierte Budget 2025 esouwäit auserneen, datt mir dem Schäfferot keng gutt Zensur/ Note konnten ausstellen.
Och de Budget fir 2026 ass eiser Meenung no net realistesch, well bei verschiddene Projeten esou vill Sue virgesi ginn, datt se net all 2026 kënnen opgebraucht ginn. Esou gi Sue blockéiert, déi fir aner wichteg Projeten néideg wieren.
Eng Rei vun Etuden zu wichtege Projete gi vu Joer zu Joer verschoben. Esou geet leider wäertvoll Zäit verluer.
Hei eisen 2 Gemengeréit hier Wuertmeldungen zum kommunale Budget. Mäer fäenken un mat däer vum Nick Clesen an dono kënnt déi vum Christiane Biewer.
Här Buergermeeschter, léif Kolleeginnen a Kolleegen,
E grousse Merci geet un all d’administrativ an technesch Servicer, a ganz besonnesch un de Mike Dickes an de Service Financier, déi et méiglech maachen, datt mir haut kënnen e Budget ofstëmmen.
Wéi den Här Feiereisen d’läscht Woch richteg sot, ass et dat wichtegst Dokument vum Joer. Et ass sou wichteg, dass et bis zur Presentatioun geheim gehale gouf.
Et versteet een, dass bis zur leschter Minutt um Budget geschafft gëtt. D’Conseillere brauchen awer genuch Zäit, dësen ze analyséieren, ze recherchéieren, eventuell Froen un de Finanzservice ze stellen, an sech ze positionéieren.
Hei zu Schëffleng waren et dëst Joer mat den Annexen a Side-Dokumenter dëst Joer insgesamt 221 Säiten, déi mir eréischt no der Presentatioun vum Budget kruten, a mir haten 6 Deeg fir dësen demokrateschen Exercice Zäit, fir schlussendlech iwwert dat wichtegst Dokument vum Joer ofzestëmmen.
Ech géif de Schäfferot bieden, de Conseilleren de Budget an Zukunft 5 Deeg viru senger Presentatioun zur Verfügung ze stellen, sou wéi d’Gemengegesetz et am Artikel 13 virgesäit.
Awer och a de leschte 6 Deeg, ass eis sou munches am Budget opgefall.
De Contenu vum Budget gëtt vum Schäfferot bestemmt. De Budget rectifié weist eis, wat 2025 effektiv ëmgesat a geschafft gouf, an de Budget fir 2026 ass eng Virschau, wat Majoritéit wëlles huet, a wat fir si fir d’nächst Joer keng Prioritéit huet.
De Budget ordinaire rectifié fir 2025 sou wéi och de Budget ordinaire fir d’nächst Joer si keng Iwwerraschung.
Den Ordinaire gëtt haaptsächlech duerch d’Recettë vum Fonds de Dodation gedroen. Des sinn 2025 souguer nach em 1 Millioun méi héisch wéi geplangt ausgefall, a leie bei 75% par Rapport zu de Gesamtrecettë vum ordinaire. Fir d’nächst Joer sollen se 78% ausmaachen.
Op der anerer Säit ginn d’Depensë vum Budget ordinaire ëmmer méi starr. Dat sinn d’Annuitéite fir d‘Emprunten, wou mer vun de momentan méi favorabelen Tauxe profitéieren, déi sënnvoll Beiträg fir d’Syndikater, wou mer d’nächst Joer och vun enger Baisse, notamment duerch d’Reorganisatioun vum TICE profitéiere wäerten, d’Käschte fir eist absolut noutwendegt a kompetent Personal, déi mat 45 respektiv 47% par Rapport zur Gesamtmass recht stabil bleiwen, mee insgesamt awer weider massiv steigen, an ab dësem Joer déi gesamt Digitaliséierungskäschte mat der IT-Sécherheet, de Lizenzen an dem gelounten IT-Material.
Et ass gutt, dass dëse Posten elo a senger Gesamtheet am Budget ordinaire steet, do wou des Käschte vun aktuell bal 700.000€ och hi gehéieren. Mir mussen oppassen, dass déi strukturell Dauerkäschten vum ganzen IT Beräich, wou all Joer e gudde Batz steigen, mëttelfristeg net an d’Onendlecht ofdriften.
Den Inneministère projezeiert a sengem Circulaire mat de Budgetsrichtlinne fir d’Gemengen, dass d’Recetten duerch d‘Gewerbesteier an de Fonds de Dotation bis d’Joer 2029 all Joer steigen. De Fonds de Dotation gëtt ënnert anerem duerch 10% vun der agezunnener TVA, 18% vun der Lounsteier a jee no Stand vun der Staatskeess, engem forfetairen Beitrag aus dem nationalen Dëppe gespeist.
Geet et dem Staat gutt, da geet et de Gemenge gutt!
Wat d‘Projektioun vum Inneministère nach net berücksichtege kann, well et nach net gestëmmt ass, ass d’Steierreform, déi de Staat an d’Gemengen insgesamt 800-900 Milliounen Euro d’Joer kaschte wäert, well manner Lounsteier era kënnt. Och d’Verdeedegungsdepensë sollen an de kommende Joer bis op 5 Prozent vum nationale Räichtum (RNB) erop goen an d’Allgemengheet 2029 700 Millioune pro Joer méi ewéi Haut kaschten. Consideréiert een des Facteuren, da wäert den Defizit beim Zentralstaat fir 2029 no bei 3 Milliarden € leien.
Des weidere géif eng ugeduechten EU-wäit Harmoniséierung vun der Tubaksteier zu engem Abroch vun dëse Recettë feieren, wann e bedenkt dass 95% vum Tubakverkaf an d’Grenzgebidder exportéiert gëtt. Dëst hätt en negativen Afloss op eise Budget. Amplaz Recetten op Käschte vun der Gesondheet ze maachen, kéint d’Regierung z.B. nei Einnamen duerch eng Räichesteier generéieren. Mee dat läit net an eiser Kompetenz. Mir sinn ofhängeg vun der Gewerbesteier an dem Fonds de Dotation.
Dëse pessimisteschen Zenario ass net a Stee gemeesselt an déi Lëtzebuerger Wirtschaft huet sech an der Vergaangenheet ëmmer erëm ganz resilient gewisen. Mir brauchen nohalteg Investissementer fir Haut a fir déi zukünfteg Generatiounen. Wien Haut net séit, ka Muer nämlech net recoltéieren.
D’Regierung misst menger Meenung no d’Gemengefinanzéierungsgesëtz emol op de Leescht huelen, well awer eng Rei Aufgaben a Käschten an de leschte Joren op d’Gemengen ofgewelzt gi sinn, de Finanzéierungsschlëssel awer net an dem Mooss geännert huet.
D’Majoritéit hei zu Schëffleng verfollegt mam Budget 2026 zwee prioritär Objektiver:
- D’Kontinuitéit an der Realisatioun vu Projeten
- An eng virsiichteg Investitiounspolitik
Dat sinn usech déi richteg Prioritéiten. Mir gesinn awer, dass déi eege Prioritéiten hei net ëmgesat ginn.
Allgemeng sinn am Budget extraordinaire Depensen ze héisch geschat, wat mat sech bréngt dass een héijen Emprunt muss ageschriwwe ginn! 2024 goufe vu 15 Milliounen Emprunte wou virgesi waren, der just 5 gezunn an 2025 goufe vun 18 Milliounen der erëm just 5 gezunn, also manner wéi 1/3.
Beim Compte vum Budget kommen dann déi richteg Zuelen op den Dësch. Dat ass meeschten ee Boni a Milliounen héischt, an dat wier dann eigentlech de Moment fir Créditer bei den eenzelnen Projeten, falls néideg ze erhéijen. D’systematesch Iwwerschätzen an déi héisch Emprunte, fir déi déck Budgetsposten ze decken, verhënneren aner wichteg Investissementer, déi doduerch net kennen ëmgesat ginn.
Fir 2026 iwwerschätze mer d’Depensen dann erëm massiv, zB de Logement abordable „op de Giele Géieren“, wou de Bau dann elo geschwë scho misst lass goen, a wou och d’Recetten eis zimmlech optimistesch schéngen. Gëtt et do schonn eng Baugeneemegung, wéini fänkt d’Vente vun de Logementer un, wéi leeft déi of, verkeeft d’Gemeng selwer, wéini soll de Bau ufänken a gouf schonn eng Soumissioun gemaach? Awer och bei der Extensioun vun de Gemengenatelieren a bei beim Moulin Bestgen sinn eiser Meenung no jeeweils opmannst 1 Millioun ze vill virgesi fir 2026 ze verschafen.
Mir schreiwen eis insgesamt 23 Milliounen un Emprunt an de Budget. Et gëtt vill ugekënnegt, awer warscheinlech net emgsat.
Eis Verscholdung ass net de Problem. Momentan sti mer mat der Verscholdung bei 4% vun eise Recettes ordinaires. Fir 2026 wäerte mer bei 4,7% leien, a souguer wa mer all déi ageschriwwen Emprunte fir 2026 zéien, wat ech net gleewen, da géife mer dat Joer drop zwëschent 6 a 7% leien.
Mir héieren, dass den néie Schäfferot eng ettlech wichteg Themen uschwätzt. An dat fanne mir gutt. An dësem Budget stinn och gutt Investissementer, anerer feelen eis. Dozou wäert d’Christiane Biewer sech nach äusseren.
Wéi mer awer déi zwee lescht Jore gesinn hunn, feelt et net onbedéngt un de Suen – mee et happert un der Planung an Ëmsetzung. Déi zwee lescht Joren hunn eis och gewisen, dora fanne mer d’Kontinuitéit vun dëser Koalitioun, dass dëse Budget erëm net realistesch ass.
Wann dëst, wéi de Schäfferot an der Vergaangenheet gäre behaapt huet, u strukturelle Kapazitéitsgrenze läit, dann hätten si jo spéitstens fir den neie Budget missten anescht vir goen.
Mir begréissen och d’Usätz an der Energietransitioun, mat der Erneierung vun der Heizzentral, wou effektiv iwwer 600 Tonnen CO2 Emissioune pro Joer agespuert ginn. Dat ass e gudde Schrëtt. Mä eleng domat schafe mir nach net déi Energietransitioun, déi Schëffleng brauch, fir méi onofhängeg an autark ze ginn, an op laang Siicht och wierklech Suen am Fonctionnement ze spueren. Villäicht gëtt d’Etude fir en Energiekonzept dëst Joer endlech gemaach, an d’Resultater dovun am Budget 2027 ëmgesat.
Als een, wou sech vill mam Vëlo deplacéiert – och mat Kand, weess ech wéi wichteg et ass, dass d’Etude vum Vëloskonzept och tatsächlech duerchgefouert gëtt, fir zäitno zesummenhängend Projeten ëmzesetzen.
2026 sollen eng ettlech Projete fäerdeg ginn. Dëst gréisstendeels Projete vun der virëschter Koalitioun. D’Handschrëft vun dëser Koalitioun ass zwar am Budget initial ëmmer deck erkennbar. Am Budget rectifié war bis elo dovun awer net méi vill ze gesinn. Mam drëtte Budget si mir elo bal an der Halbzeit. Bis elo si vill Passen hin an hier, an eng sëlegen Etuden no hanne gespillt ginn. Et ass vill an de Budget era gedribbelt ginn, mee d’Zuele schwätze fir sech. De Budget gesäit spektakulär aus, mee et ass nach kee Gol gefall.
Fir Chrëschtdag wënschen sech d’Leit oft eppes, a fir d‘neit Joer ginn sech gutt Virsätz geholl. Mir wënschen eis, dass 2026 dat Joer gëtt, wou d’Majoritéit beweist, dass si keng potemkinesch Dierfer baut, mee Projete FIR Schëffleng effektiv virun dréift.
Och vu menger Säit aus villmols Merci un de Mike Dickes a seng Ekipp an un all Leit, déi un dësem Dokument geschafft hunn.
Hei e puer Remarque vun mir zur Budgetspropositioun fir 2026.
De Nick Clesen ass jo schon op méi allgemeng Aspekter vum Budget agaangen. Ech ginn da lo op verschidden Detailaspekter an, sowuel aus dem Ordinaire wéi och aus dem Extraordinaire.
Nodeems mir net midd gi sinn ze soen, datt Schëffleng vill Potenzial huet fir am Naturpakt eng méi héich Zertifizéierung ze kréien, freet et eis, datt fir d’Joer 2026 e Budget vun 100 000 € virgesi ass fir Ëmweltaktiounen am Kader vum Naturpakt ze maachen. Mir hoffen, datt d’Naturpaktteam an och d’Abanne vun de Bierger net ganz vergiess ginn. Och de Programm, dee vu SICONA proposéiert gouf, gouf integral ugeholl.
Wat de Klimapakt ubelaangt, hunn awer nach ëmmer keng Assise statt fonnt. Ech war schon a menger leschter Budgetsried drop agaangen, datt et wichteg ass dësen Echange tëscht de Bierger an der Gemeng z’organiséieren fir Aktiounen ze developpéieren en vue vun der Transition écologique. De Budget gëtt vu Joer zu Joer weider geschoben. Bon, vläit ass et jo da fir 2026 an ech muss net rëm a menger nächster Budgetsried op dëse Punkt agoen.
D’Motioun vun déi gréng an där mir e Begréngungsplang fir Schëffleng gefrot hunn, gouf eestëmmeg ugeholl, mee mir kënnen awer kee Budgetsposten heizou am Budget fannen. Mir wëssen all wéi wichteg d’Begréngung an eiser Uertschaft ass fir ënner anerem Hétzeinselen ze vermeiden.
Wou mir gefrot hunn, datt déi nei Verkéiersinsel am Agang vu Schëffleng soll begréngt ginn, krute mir gesot, datt dat net méiglech wir an, datt d’Onkraut tëscht dem Pavé et och maache géif. Lo ginn et awer eng ganz Rei Beispiller vun esou begréngte Verkéiersinselen z.B. zu Beetebuerg, och op Staatsstroossen, a mir wäre frou, wann dës Méiglechkéit géif gepréift ginn.
Leider steet de Budgetsposten vun enger neier Planzaktioun op 0. Et ass och kee Budget méi virgesinn fir Stroosseninselen an och keng weider Micro-Forest gëtt ugeduecht.
D’Motioun vun déi gréng zum Opstelle vun engem Resilienzplang gouf och eestëmmeg am Gemengerot ugeholl, mee et ass och heifir kee Budgetsposten ze fannen. Au contraire : d’Etude « Conséquence de Pluies fortes » war fir 2025 mat 130 000 € virgesinn, gouf awer net realiséiert. Dëse Budgetsposten ass elo rëm fir 2026 virgesinn a mir hoffen, datt dat da wengestens dëst Joer ëmgesat gëtt.
Am Budget 2025 waren 80 000 € fir d‘Opstelle vun engem Energikonzept fir Schëffleng virgesinn. Et goufen der nëmmen 8 000 verbraucht. Lo sinn der 70 000 fir 2026 virgesinn. Dëse Projet dëmpelt schon zënter Jore viru sech hin. Mir hoffen, datt et dann dëst Joer ugaange gëtt a mir esou en Energikonzept presentéiert kréien.
En anert Thema sinn PVanlagen. Viru kuerzem ass e Post gemaach ginn op der App vun der Gemeng, dee seet, datt nei PV anlagen um Daach vun de Vestiaire vum Fussballsterrain a Betrib geholl gi sinn an datt domat de Gemengenterritoire weider op de Wee an eng nohalteg Zukunft gefouert gëtt.
De Post ass esou, dat ee menge kéint, déi nei Anlag wier der Gemeng hier. Si dréit zwar schon zur Dekarboniséierung vun der Südregioun bäi, awer net wéi gesot op Gemengenterritoire. A Wierklechkeet ass et nämlech esou, datt d‘Gemeng just der Sudenergie den Daach verlount fir, datt déi déi Anlag exploitéiert. Dofir leeft um Niveau vun der Gemeng selwer leider nach ëmmer näischt.
D’PVanlagen um Daach vun der Albert Wingert Schoul fonktionnéiere nach ëmmer net. Fir d’Flécke vu besteeënde Panneauen ware fir dëst Joer 87 000 € virgesinn. Et goufen awer nëmme 35 000 € gebraucht, fir dëst Joer sinn der op dësem Posten nach 30 000 virgesinn. Fir nei PVanlage sinn an dësem Budget 0 € virgesinn. Hei misst d’Gemeng eng Virreiderroll spillen an esou Panneaue selwer op besteeënde Gemengegebaier installéieren. Esou kéinte mir nët nëmme soen mir géifen de Gemengenterritoire an eng nohalteg Zukunft féieren, mee och selwer konkret eppes maachen an niewebäi eis immens héich Stroumkäschte rofdrécken, wat och eisem Budget zu gutt géif kommen.
Wat d’Mobilitéit ubelaangt begréisse mir de Car-Sharing FLEX+, och wa mir ëmmer nach der Meenung sinn, datt d’Gemeng sech hätt kéinte fir E-Autos entscheeden.
Mir begréissen och, datt d’Opstelle vun engem Vëloskonzept virgesinn ass, eng Saach, déi mir schon zënter laangem fuerderen.
Mir hoffen, datt dëst Konzept dann och am Laf vum Joer zu stane kënnt an net wéi vill aner Etuden/Konzepter geschobe gëtt an datt endlech d’Puzzlestécker unenee kommen an datt Piste gemaach ginn, déi wierklech Sënn maachen an net just Piste fir Pisten ze hunn.
Iwwerrascht ware mer ze gesinn, datt just e Montant vu 35 000 € agesat ass fir eng Etude ze maache fir e Restaurant an e Mëttesdësch fir d‘Maison Relais ëmzemodelen. Mir haten et eng gutt Iddi fonnt, datt de Schäfferot de Kaf vun dësem Restaurant initiéiert hat fir weider Maison Relais Plazen fir iwwer Mëtteg ze schafen. Wann awer elo mol eng Etude gemaach gëtt, da wäerten do awer nach esou bal keng Kanner zu Mëtteg iessen.
Da stelle mer fest, datt verschidde Projeten, déi ugeduecht waren op Äis leien.
z. B. d’Etude fir en administratiift Gebai a Logements abordables an der rue de Drusenheim ze bauen. 25 war e Budget fir esou eng Etude virgesinn, de Budget ass net gebraucht ginn, 26 ass kee Budget méi heifir virgesinn. Gouf dee Projet fale gelooss? Op der Internetsäit vun der Schëfflenger Gemeng gëtt dëse Projet vum Logement abordable op jidfer Fall nach ugekënnegt.
Lo solle mer de Budget fir eng Etude stëmme fir Logements abordables ze bauen an der rue de la Résistance. Huet de Schäfferot nei Pläng ? Vläit wär et jo ubruecht all Conseilleren ze informéieren, éier ee vun hinne verlaangt, datt se jo oder neen zu engem Budget soen, an deem Projete stinn, déi se net kennen.
Aner Projeten, déi ëmmer weider reportéiert ginn sinn z.B. d’Etude fir de Biergerzentrum an de Raimlechkeete vun der aler Spuerkeess z’aménagéieren sou wéi den Ëmbau vum Jugendhaus, wou obwuel 200 000 € fir 2025 virgesi waren, näischt Wesentleches geschitt ass. An deenen 2 Projete froe mir eis firwat et net viru geet.
Suen, déi fir Etude virgesi sinn, déi net gemaach ginn, leie brooch. Déi kéinte fir aner Saache genotzt ginn!!
Ee Projet, deen och scho reportéiert gouf, gëtt dann awer elo ëmgesat an dat ass de Plan communal club senior an dat begréisse mir.
Da liese mer aus dem Budget eraus, datt awer och verschidden Etude gemaach goufen z. B. eng Etude fir eng Infrastruktur fir e Padelsterrain oder eng Etude zu engem Ventilatiounssystem um Späicher vun der Albert Wingert Schoul oder eng Etude zum Bau vun engem Scoutschalet, enger Précoce an enger Bëschspillschoul hannert der Lydie Schmit Schoul oder eng Etude fir e Fussballsterrain um Stade Jean Jacoby z’aménagéieren.
Mir géifen et begréissen, wa mir dann och mol d’Resultater vun dësen Etuden am Gemengerot presentéiert kréichen.
An dësem Budget geet e grousse Prozentsaz vun de Suen a besteeënd Projeten déi an der vireschter Koalitioun op d’Schinn gesat goufen. Mir hoffen, datt déi endlech virun an ofgeschloss ginn. Hei ass et wichteg, datt de Schäfferot den neidegen Drock mécht, fir datt et viru geet an déi néideg Gelder net an d’Onendlechkeet klammen.
Nei Projeten, déi sécher interessant sinn, ass déi 1. Phase vun engem Shared-Space an der Mëtt vun eiser Uertschaft an eng Rei Amenagementer zur Verkéiersberouegung.
Leider ginn et awer och vill Projeten, déi reportéiert ginn, vill Etuden, déi net gemaach ginn oder vläit och net wëlle gemaach ginn.
De Schäfferot huet kee Geldiesel, dat ass eis bewosst. Dofir ass et ëm sou méi wichteg d’Projeten richteg ze prioriséieren an ze doséieren. An dat ass an dësem Budget eiser Meenung no net de Fall.
