background background

Schëffleng

Chambres meublées

Fir de Gemengerot dëse Freideg hu mir dem Schäfferot e puer Froen zu de Chambres meublées zu Schëffleng gestallt:

– Ass gewosst wéi vill Chambres meublées hei zu Schëffleng verlount sinn?
– Wéi vill dovunner sinn an Eefamilljenhaiser?
– Wéi vill dovunner sinn a Caféen?
– Sinn all Chambres meublées zu Schëffleng konform zum Gesetz, zum RGD vum 20 Dezember 2019 an zu eisem Bautereglement?
– Gi reegelméisseg Kontrollen duerchgefouert?
– Wat geschitt, wann Onreegelméissegkeete fest gestallt ginn?
– Wat gedenkt de Schäfferot ze ënnerhuele fir datt net nach méi Eefamilljenhaiser a Chambres meublées zerstéckelt ginn, mee um Marché fir Famillje bleiwen?