MEGA Plus Konventioun
E Freideg am Gemengerot brénge mir eng Motion an, fir datt Schëffleng d’MEGA Plus-Konventioun mam Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité fir 2026 ënnerschreift an duerno och all Joer erneiert.
D’Konventioun gouf 2022 schonn emol ënnerschriwwen, mee net méi verlängert. Mat der Konventioun MEGA Plus kritt d’Gemeng gratis Berodung, Ënnerstëtzung a konkret Tools fir Mesuren am Beräich Gläichstellung a Diversitéit ëmzesetzen. Iwwert de MEGA-Catalogue ginn et och vill Sensibiliséierungs-Offeren, zum Beispill pädagogesch Ateliere fir Schoulen, Maison Relais a Jugendhaiser.
Kuerz: eng staark Partnerschaft, ouni Käschte fir d’Gemeng, fir e méi gerecht a respektvollt Zesummeliewen zu Schëffleng.
