Gemengerot vum 8. Mee
Haut war Gemengerot.
Dee vun eis gefrote Subside fir Solaranlage fir de Balcon kënnt. De Schäfferot huet proposéiert, datt déi zoustänneg berodend Kommissiounen de geneeë Montant an d’Konditiounen definéiere sollen, an déi finanziell Participatioun vun der Gemeng dann am neie Subsidreglement 2027 mat iwwerholl soll ginn.
Aner Punkten am Gemengerot:
- Mir hunn en Zebrasträifen am Chemin Vert gestëmmt, fir datt d’Kanner op hirem Schoulwee sécher iwwert d’Strooss goe kënnen.
- D’Gemeng huet schonn erëm op de Kaf vu Wunnengen, déi fir abordabele Wunnraum reservéiert sinn, verzicht. Dem Schäfferot seng Argumenter dofir ginn eis net duer a mir fannen, datt d’Gemengen d’Verantwortung vun der Gerance vun abordabelem Wunnraum a Koproprietéiten net systematesch op de Staat ofdrécke sollen.
- Am Kader vun der Konventioun tëscht dem Staat an der Maison Relais bedauere mir, datt d’Kanner aus der Maison Relais nach ëmmer net un den ausserschouleschen Aktivitéite vun der Gemeng, ausser der LASEP, deelhuele kënnen.
- Mir hunn de Kaf vun engem Terrain, op deem déi nei International Schoul gebaut gëtt, matgestëmmt.
- Mir hu fir d’Mesuren 2026 am Kader vum Naturpakt gestëmmt.
- Um Programm stoung och d’Approbatioun vun enger Etüd fir d’Ausschaffe vun engem integrale Konzept zur Gestioun a Preventioun vu Staarkreen um Schëfflenger Gemengegebitt. Dëst Konzept gëtt och fir d’Ausschaffe vun engem Resilienzplang fir d’Gemeng gebraucht, e Plang, deen déi gréng Schëffleng viru genee engem Joer an enger Motioun gefuerdert haten, déi dunn och vum Gemengerot ugeholl gouf. Den aktuelle Stand vun der Ausschaffung vum lokale Resilienzplang gouf haut och virgestallt.
