Gemengerot vum 22. Mee
Haut war Gemengerot. Et stoungen erëm ganz interessant Punkten um Programm:
- Déi provisoresch Schoulorganisatioun fir d’Joer 2026/2027 gouf gestëmmt.
- Mir hunn nogefrot, wéi d’Gemeng mat de verschiddene Sitte fir méi Maison Relais Plaze virun kënnt. D’Maison Relais um Sitte vun der Lydie Schmit Schoul soll an den nächste Wochen den Agrément vum Ministère kréien, a kann dann opgoen. Fir d’Rentrée ass geplangt, datt Plaze fir de Mëttesdësch am Club Haus beim Kiosk ugebueden ginn. Fir den Ëmbau vun de Lokalitéiten an der Niddeschgaass, déi d’Gemeng kaf huet, gëtt et e Projet, deen de Gemengerot geschwë presentéiert kritt.
- De Schäfferot huet eis matgedeelt, datt de Modulbau, also d’Containeren “Op Hudelen” ab der Rentrée 2027/2028 als 4. Grondschoul fir Schëffleng genotzt gi soll. Dëst hëlleft sécher kuerzfristeg, genuch Klasseräim zu Schëffleng ze hunn. Mee domat si mir awer wäit ewech vun der geplangter neier Grondschoul, déi schonn 2023 sollt a Betrib geholl ginn. Hei gouf vill Aarbecht an Engagement an d’Ausschaffe vun engem modernen, pädagogesche Konzept gestach, dat an enger moderner Schoulinfrastruktur sollt ëmgesat ginn. De Bau vun der geplangter Grondschoul soll endlech entaméiert ginn anstatt op Zäit ze spillen.
- Mir hunn nogefrot, ob an der rue des Artisans, sou wéi vum Gemengerot gestëmmt, nach ëmmer Begréngung, een an der Faarf eenheetleche Belag vum ganze Shared Space sou wéi d’Recht, fir mam Vëlo a béid Direktiounen duerch d’Strooss ze fueren, virgesi sinn. De Schäfferot huet eis verséchert datt dat nach ëmmer de Fall ass.
- D’Taxereglement zu de Kachcourse fir d’Kanner hu mir net matgestëmmt. D’Course selwer stelle mir net a Fro a fannen onofhängeg vun deem Reglement statt, mee eis feelt eng sozial Komponent beim Präis, dee fir verschidde Familljen ze héich ass. Mir krute keng zefriddestellend Äntwert op eis Nofro.
- Da krute mer nach de Rapport vum Minettkompost an de plan d’action pour le sport fir d’Gemeng Schëffleng presentéiert.
