background background

Schëffleng

Gemengerot vum 19. Juni

Haut emol de Resumé vum Gemengerot mat Sonnebrëll. Genéisst de sonnege Weekend, mee schützt iech virun der Hëtzt.

  • fir d’avenue de la Libération hu mir virum Bionext Liwwerparkplaze fir moies tëscht 7 an 10 Auer gestëmmt
  • den “Dumontshaff” gëtt ënnert Denkmalschutz gestalt
  • d’Konventioun MEGA+ mam Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit, no där mir als déi gréng Schëffleng gefrot haten, gouf elo endlech ënnerschriwwen. Mir freeën eis doriwwer, kritiséieren awer, datt dëst Joer den IDAHOBIT-Day net stattfonnt huet an och soss näischt zu LGBTQIA+-Themen organiséiert gëtt
  • d’Gemeng keeft en Haus 41, avenue de la Libération. Mir hunn eis beim Vote enthalen, well d’Gemeng mëttlerweil méi Haiser kaf huet, fir déi si nach keng konkret Projeten huet, an dat och hei de Fall ass. Et ass awer warscheinlech, datt d’Haus muss ofgerappt ginn
  • mir hunn 1.000.000€ zousätzlech fir d’Subventioune vu PV-Anlage gestëmmt. Duerch dësen Invest gëtt Schëffleng mat senger Bevëlkerung méi resistent géint d’Energiekrisen, mir spueren CO2 an a mir erméiglechen och Stéit mat méi niddregem Akommes, selwer bëllegen an nohaltege Stroum ze produzéieren
  • mir hunn dem Schäfferot Froen zum neie Parkhaus „am Zentrum“ gestallt! Wéi gëtt d‘Parkhaus genotzt, wou ginn et eventuell Problemer a wou muss nach nogebessert ginn? Zuele si beim Bedreiwer ugefrot, verschidde Problemer si scho geléist ginn oder an der Maach, anerer schénge méi komplizéiert, mee mir bleiwen drun