background background

Schëffleng

Gemengerot vum 10. Juli

Haut war de leschte Gemengerot virun der Summervakanz. Mir haten nach emol wichteg Dossieren ze stëmmen:

  • De Parking fir d’Camionnette beim Hall Polyvalent gëtt, wéinst enger héijer Demande, liicht vergréissert
  • Mir begréissen de gemeinsamen Avis vun den 11 Gemenge vum Bassin supérieur vun der Uelzecht zum Plan de gestion de la directive européenne – cadre sur l‘eau. Si huelen eng kritesch Stellungnam mat konkreten a pragmatesche Fuerderungen
  • Mir hunn de MOPO PAP NQ “Iewescht Millchen” stëmmt. Dobäi hate mir nach Froen zum Energiekonzept, dem Logement abordable, dem Diagnostic écologique, dem Avis vum Waasserwirtschaftsamt an der geplangter Spillplaz
  • D’Subsidereglement fir d’Fërderung vun der nohalteger Entwécklung leeft aus a gëtt fir d’nächst Joer ugepasst. Dëst huet eng kloer gréng Handschrëft, wou d’Motioune vun déi gréng Schëffleng fir e Begréngungsplang , fir Subside bei der Reparatioun vun Elektrogeräter a fir Subside fir Balkonssolarpannelen mat consideréiert ginn
  • Et goufe verschidde Konventiounen, Actes notariés a Compromis de vente gestëmmt
  • Mir kruten en Update zum Schoulcampus “Op Fléierchen”